Kränkten, déi kéinte mat Zecken ze dinn hunn
Leit Dir ënner enger vun dëse Kränkten? Verschidde Persounen, déi als chronesch krank klassifizéiert ginn, kéinten eng Borrelios hunn oder eng aner duerch Zecke verursaacht Kränkt. (Beispiller: An der Belsch gouf eng Fra 12 Joer laang als MS-Patientin behandelt, ma si hat eng Lyme-Borrelios. Bei Patienten, déi Alzheimer haten, gouf post mortem an den Amyloid-Plättercher vum Gehir de Pathogen fonnt, dee fir d’Lyme-Borrelios responsabel ass). Et geet drëms erauszefannen, ob déi hei opgezielte Kränkte méi dacks bei Leit virkommen, déi vun enger Zeck gebass goufen, wéi bei deenen, déi nach ni eng Zeck haten.