Ëmfro Zecken&Lëtzebuerg: Zeckebëss mat Entzündung beim Mënsch

Madame, Monsieur,

duerch Zecken iwwerdroe Kränkten huelen bei eis a soss an Europa zou. Nawell ass et schwéier ze soen, wéi eescht de Problem ass, well d’Fäll net systematesch erfaasst ginn. D’Zil vun eiser Ëmfro ass, Äntwerten op e puer Froen ze kréien: Wou kommen Zecken an d’Kränkten, déi si iwwerdroen, am heefegste vir? Wou a bei wéi engen Aktivitéite sinn d’Risiken am gréissten? Wéi eng Symptomer trieden am heefegsten op? Sinn se regional verschidden? Wéi eng chronesch Kränkte kéinten op Zecken zeréckzeféiere sinn? Är perséinlech Erfarunge kënnen eis hei weiderhëllefen, well nëmme mat Ärer Hëllef kënne mir u wichteg an ëmfaassend Informatiounen iwwer Zecke kommen. Mir soen Iech am Viraus Merci fir Är Hëllef.

    Haaptformulaire: Informatiounen iwwer déi Persoun, déi vun enger Zeck gebass gouf resp. krank ginn ass

    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question

    Symptomer, déi mat engem Zeckebëss kënnen ze dinn hunn

    Hutt Dir oder hat Dir déi heite Symptomer? Wien duerch eng Zeck krank ginn ass, kann een oder och e puer vun dëse Symptomer hunn. Persounen, déi keng vun Zecken iwwerdroe Kränkt hunn, kënnen och ënner dëse Symptomer leiden. Mir wëllen d’Heefegkeet vun de Symptomer bei Leit, bei deenen eng Lyme-Borreliose diagnostizéiert gouf, mat de Symptomer vergläiche bei Leit, déi zwar vun enger Zeck gebass goufen, bei deenen awer keng Borrelios diagnostizéiert gouf. Zil ass, déi relevantst Symptomer ze identifizéieren.
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question

    Kränkten, déi duerch Zecken iwwerdroe ginn

    Hat Dir oder hutt Dir eng vun dëse Krankheeten?
    This is a required question

    Kränkten, déi kéinte mat Zecken ze dinn hunn

    Leit Dir ënner enger vun dëse Kränkten? Verschidde Persounen, déi als chronesch krank klassifizéiert ginn, kéinten eng Borrelios hunn oder eng aner duerch Zecke verursaacht Kränkt. (Beispiller: An der Belsch gouf eng Fra 12 Joer laang als MS-Patientin behandelt, ma si hat eng Lyme-Borrelios. Bei Patienten, déi Alzheimer haten, gouf post mortem an den Amyloid-Plättercher vum Gehir de Pathogen fonnt, dee fir d’Lyme-Borrelios responsabel ass). Et geet drëms erauszefannen, ob déi hei opgezielte Kränkte méi dacks bei Leit virkommen, déi vun enger Zeck gebass goufen, wéi bei deenen, déi nach ni eng Zeck haten.
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question

    Geographesch Donnéeë mat Bezuch op d’Zeckebëss

    OPTIMAL wieren d’geographesch Daten, déi Dir op Google Maps kënnt fannen: - Gitt op www.google.lu/maps - Wielt, falls néideg, d’Satellittevue. - Gitt mat der Maus op déi betreffend Plaz a klickt se mat der rietser Maustast un. - Wielt dann: Was ist hier/Plus d’infos sur cet endroit - Dës Info kopéieren an hei erapechen.
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question

    Heefegkeet vun den Zecken

    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question

    Erlaabnes / Suivi

    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question
    This is a required question

    Mir soen Iech Merci, datt Dir matgemaach hutt.

    Et wier eis eng grouss Hëllef, wann Dir aner Leit, vun deenen Dir wësst, datt se scho vun Zecke gebass goufen, géift bieden, och bei eiser Ëmfro matzemaachen. Doduerch kréie mir méi eng genee Kartographie vun der Situatioun zu Lëtzebuerg. En Deel vun de Resultater ginn um Site vun der Ëmfro vun Zecken&Lëtzebuerg am Wanter verëffentlecht Bis geschwënn D’Equipe vun der ALBL http://www.albl.lu