videogames.lu Online Turnéieren, Ligen, Events
Wei der et di lescht Wochen a Méint matkrut hutt, si mir vu videogames.lu och nees fläisseg am Gaang Online Community hei am Land ze stäerken.

Projete ewéi Mario Kart 8 Deluxe Online Turnéiergruppen oder eis Rocket League Night 1, souwéi 2 oder den Rocket League Contest, hu bewisen, dass hei am Land Nofro awer do ass fir esou Events.

Egal op 5, 10, 20 oder 50 Leit di bei dësen Turnéieren Ligen oder Events matmaachen, mir als Asbl probéieren eise Leit de Gefalen ze maachen an maachen dowéinst dann elo virun der Summerzäit nach eng Kéier des Ëmfro, wou mer Iech froen, wéi eng Projete dir gären vun eis wëllt gesinn, respektiv Iech grad hei am Land feelen.

Ënnert all Deelhueler verlousen mir och 5 x ee GamingCafé Bundle am Wäert vun 1 Sloppy Joes an 2 Gedrénksbongen. Wien do gären matmaachen well, deen ass gebieden zum Schluss seng Email Adresse duerchzeginn.

Bei weideren Froen oder eventuell weidere Feedback, sti mir zu ärer Dispositioun :)

Mir soen villmools Merci fir äert Vertrauen an äre Input,

D´Crew vu videogames.lu

Wëlls du beim Gewënnspill vum GamingCafé Bundle matmaachen, dann schreif w.e.g. deng Email Adress heihinner :-)
Your answer
Wat fir ee Format vun Online Events wëlls du gären gesinn?
Required
Wat fir Spiller wëlls du gären gesinn, di iwwert videogames.lu als Event ofgehale sollen ginn? (Méi Äntwerte méiglech)
Required
Hues du nach weideren Feedback, deens de eis wëlls ginn?
Your answer
Submit
Never submit passwords through Google Forms.
This content is neither created nor endorsed by Google. Report Abuse - Terms of Service - Additional Terms